Konferenzen
Wenn Musik und Politik miteinander tanzen.
No 1945 gouf Radio Lëtzebuerg zu engem wichtege Propagandainstrument. Hei huet d'Psychological Warfare Division mat hirem Museksprogramm versicht, nei Moossstief ze setzen. Vun 1948 un huet de Projet u Bedeitung verluer an dat ugespaant Verhältnes tëscht der Sowjetunioun an Amerika huet déi avantgardistesch Elite net verschount. Musek blouf also zu kengem Moment onpolitesch. D'Wëssenschaftlerin Vera Herold (Master a Cultural Studies, Musekskritikerin a fräi Mataarbechterin vum MNHA) schwätzt an hirem Virtrag doriwwer, wéi dësen Ëmstand Museker an Europa an der zweeter Halschent vum 20. Joerhonnert geprägt huet. D'Anne Schaaf kommentéiert hir Analys.