Kultur
En attendant Bojangles
E Buch wéi aus der Zäit gefall, mat enger Famill déi sech alle gängege konservative Kontroverse vum Liewen entgéintsetzt a probéiert glécklech ze sinn: d'Mamm déi all Dag vun hirem Mann en anere Virnumm kritt, de Papp, dee sech gär domat ameséiert sech selwer nei Liewensgeschichten ze erfannen, an de Bouf deen dat aussergewéinlecht Liewe vun sengen Elteren probéiert mat der anerer Realitéit an der Schoul ënnert een Hutt ze kréien. Dobäi kommen den Hausvugel Mademoiselle Superfétatoire, eng Grue de Numidie, an de Kolleg vum Papp, genannt l'Ordure. Deen ass wuel Sénateur am Palais du Luxembourg zu Paräis, awer vill léiwer mat der droleger Famill zesummen fir d'Liewen ze genéissen.
Eng Geschicht hors normes, déi den Eescht vum Liewen awer net ganz ignoréiert.