Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Fusion Bomb & Devin Townsend Project

Fusion Bomb & Devin Townsend Project

Fusion Bomb

Am Interview vun dëser Woch picke mer eng vun de Bands eraus, déi de 24. September um Anger Fest an der Kufa spillen, an do hir Debut EP presetéieren, nämlech Fusion Bomb. Am Interview erklären de Gittarist Tun an den Drummer Scott, wéi den Album zustan komm ass, wat d'Konzept hannendrun ass, a wéi si sech d'Release an der Kufa virstellen.

Sublind

De 16. Abrëll hu Sublind an der Kufa hiren 10 järege Beersday gefeiert. Dat ganzt gouf och opgeholl a vun den Opnamen hunn d'Lëtzebuerger Thrasher e puer Videoen erausbruecht







Album vun der Woch: Devin Townsend Project - Transcendence (10/10)

Fir de Review vum Album vun der Woch wiessele mer alt nees de Genre, just dass ech hei schwéier soe kann, ëm wat fir ee Genre et sech eigentlech handelt - den Album vun der Woch kënnt nämlech vum Devin Townsend, oder besser gesot vum Devon Townsend Project an nennt sech Transcendence.

An deen Album mécht sengem Numm all Éier. Beim Lauschtere fillt ee sech nämlech effektiv wéi wann ee géif an aner Sphären transzendéieren… an dat, wéi gewinnt ganz theatralesch. Allerdéngs kléngt dësen Album sou gutt, wéi nach ni en Album virdrun. Schold dorun ass den Adam Getgood vu Periphery, deen den Album mat produzéiert huet.

Nodeems den Opener Truth - eng méi ausgeräifte Versioun vun deem selwechte Stéck vum 1998er Album Infinity - een dorop astëmmt, dass dësen Album nees gehirlos epesch a majestätesch gëtt, gëtt ee vun der zweeter Single Stormbending, vun der éischter Single Failure, oder vun anere grandiose Songs, wéi Stars, Offer Your Light oder Higher mat hirem erhabene Vibe gefesselt.



Dass ee richteg gefesselt gëtt, geschitt allerdéngs eréischt no puer mol lauschteren, well ee beim 1. Lauschteren einfach déi ganz Komplexitéit nach net sou richteg matkritt a well een no an no ëmmer nei Saachen entdeckt an ee vill méi grousst Verständnis a méi e Gehéier fir dat Ganzt kritt.. An een ëmmer méi mierkt, wéi wonnerbar dësen Album mat senge ville Facetten, klengen Nuancen a bal Oper-ähnlechen Héichpunkten ass.

Natierlech weist den Hevy Devy och seng méi schwéier metallesch Säiten um Album, ma et sinn dach déi éischter iwwerraschend Elementer, déi de Charme vun dësem Album ausmaachen. Z. B. am Titel Secret Science, vun deem de Refrain an och eng aner Klengegkeet engem wäert immens kënneg virkommen, wann een zoufälleg Meedercher doheem huet, déi engem gewëssenen Disney Film verfall sinn..

Wann ech a mengem Review d’lescht Woch kritiséiert hunn, dass Allegaeon e Cover als Closer geholl hunn, stéiert mech dat op Transcendence vum Devin Townsend guer net. Dem Devy seng Versioun vum Ween hirem Transdermal Celebration passt nämlech perfekt an dat ganzt Konzept vum Album. A wann ech d’lescht Woch gesot hunn, dass Proponent for Sentience ee Kandidat ass fir den Album vum Joer, sou gouf dee grad iwwerbuede vum neien Devin Townsend Project Album Transcendence.. Do donieft dierft Transcendence dee bis elo wuel beschten Album sinn, deen den Hevy Devy mat dëser Formatioun als Devin Townsend Project erausbruecht huet.

Playlist

Bolt Thrower - Cenotaph (Cenotaph; Earache; 1990)

Sublind - Abandon All Hope (Live) (unreleased)

Fusion Bomb - Masses Breakfast (Pravda; independant; 2016)

Serpentine Dominion - On The Brink Of Devestation (Serpentine Dominion; Metal Blade; 2016)

Carach Angren - When Crows Tick On Windows (This Is No Fairytale; Season Of Mist; 2015)

Heaven Shall Burn - Bring The War Home (Wanderer; Century Media; 2016)

Devin Townsend Project - Stars (Transcendence; InsideOut; 2016)

Charred Walls Of The Damned - My Eyes (Creatures Watching Over The Dead; Metal Blade; 2016)

Arch Enemy - Bridge Of Destiny (Stigmata; Century Media; 1998)





Episoden