arrow_back_ios
Blue Note
September Songs a Bollanijazz
"September", "September Song", "September in the rain": dat sinn alles Jazzstandarden, mat deenen de Jitz Jeitz déi nei Jazzsaison um 100,7 ufänkt. An och nach Autumn Nocturne an Autumn Leaves als Avant-goût vum Hierscht. An et gëtt e Fokus op de Concert vum Pianist Stefano Bollani, de 16.9.2016 an der Philharmonie.