Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Bonny Light Horseman - Exile

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Anger Fest & Allegaeon

Anger Fest & Allegaeon

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow

Anger Fest

De 24. September ass déi éischt Editioun vum Anger Fest. Dat ass en neie Metal Festival fir de gudden Zweck an der Kufa; op deem souwuel lokal Bands spillen, wéi och international Acts. Am Interview erkläert de Matgrënner vum Festival, den Alain Flammang vu Scarlet Anger a Sreaming Skull, wat de Sënn an Zweck vun dësem Benefizfestival ass, wien dëst Joer alles mat dobäi ass a wéi si d'Bands iwwerhaapt erausgesicht hunn.

Album vun der Woch: Allegaeon - Proponent For Sentience (9/10)

Puer Lidder vun hirem neien Album hu se well erausbruecht, déi huet den David Wagner hei och scho gespillt. Den 23. September kënnt de 4. Album an den éischten Album mat neiem Sänger vun den amerikaneschen Death Metaller Allegaeon eraus a "Proponent For Sentience" ass dës Kéier den Album vun der Woch.

An et kann een direkt feststellen, mä dat huet een och scho bei de Stécker, déi well erauskomm sinn, datt den neie Sänger Riley McShane perfekt zum Gesamtsound vun der Band passt, just op enger Plaz huet en den David Wagner bëssen iwwerrascht, mä dozou spéider méi. Also en ënnerscheed sech scho genuch vu sengem Virgänger, datt ee mierkt, datt et en Neien ass, mä den Ënnerscheed ass net esou gravéierend, datt et géif stéieren, ganz am Géigendeel, de McShane huet grad esou vill Power an der Stëmm an ass grad esou selbstbewosst, wéi säi Virgänger Ezra Haynes.

Wat d’Musek op Proponent for Sentience ugeet, sou ass déi zwar grad esou technesch a progressiv, wéi op fréiere Wierker, ma insgesamt sinn d'Hooks awer méi epesch a kéng an d'Lidder am grousse Ganzen och méi catchy.



Fir de Rescht maachen Allegaeon op "Proponent for Sentience" dat, wat se am beschte kënnen. Nämlech eng Achterbunn un Album ofliwweren, déi ee mat sengem Mix aus primitiver Aggressivitéit, technescher Exzellenz an heftegem Groove matrappt.

Vun der Heaviness vun "All Hail Science", iwwert déi groussaarteg Intensitéit a Knëfflegkeet vum cinemateschen "Terrathaw And The Quake", dem groovegen "From Nothing" a semi-symphoneschen "The Algorithm" an der fesselnder éischter Single "Gray Matter Mecanixs" bis hin zum epesche Vibe vun "Of Mind And Matrix"; op "Proponent For Sentience" gëtt et wuel mat dat bescht Material, wat d'Band aus dem Colorado bis elo erausbruecht huet.

Sou gutt wéi dësen Album och ass, de Schluss ass mam Cover vu Rush hirem Subdivisions bësse komesch geroden. Net datt et e schlechte Cover wier, mä e passt - ënnert anerem wéinst dem reng cleane Gesank - net wierklech an d'Gesamtkonzept vum Album. Dat ass iwwregens och dat, wou den neie Sänger den David Wagner iwwerrascht huet, och wann et bei anere Stécker heiansdo subtil cleane Gesank gëtt. E bessere Schluss hätten Allegaeon op dësem Album ganz sécher mat engem eegene Stéck gemaach, dat grad esou epesch ophält, wéi den Opener ugefaang huet, z.B. mat "Cognitive Computations", dat sech duerch säin Toun a seng Dynamik einfach wéi eng grouss Final ufillt.

Dat ass dann awer och schonn alles, wat den david Wagner auszesetzen huet. Fir de Rescht also e bal perfekten Album a fir mech definitiv ee vun de beschten Albumme vum Joer.

Playlist

Ozzy Osbourne - Mr. Crowley (Blizzard Of Ozz; Jet Records; 1980 )

Testament - Brotherhood Of The Snake (Brotherhood Of The Snake; Nuclear Blast; 2016)

Dust Bolt - Mass Confusion (Mass Confusion; Napalm Records; 2016)

Sinsaenum - Anfang des Albtraumes (Echoes Of The Tortured; Edel; 2016)

Opeth - Will O The Wisp (Sorceress; Nuclear Blast; 2016)

Devin Townsend Project - Stormbending (Transcendence; InsideOut; 2016)

Allegaeon - Cognitive Computations (Proponent For Sentience; Metal Blade; 2016)

Slayer - Pride In Prejudice (Repentless; Nuclear Blast; 2015)



Episoden