arrow_back_ios
Kultur
Luc Spada - Hate Fuck, but sweet?
Haass a Léift leien heiansdo ganz no beieneen. A wou Haass ass, ass Gewalt net wäit. D'Gewalt huet vill Gesiichter a ka sech géint anerer awer och géint ee selwer riichten. De Luc Spada huet sech méintelaang op d'Sich no Mënsche gemaach, déi vun den Themen Haass, Gewalt a Péng betraff sinn. D'Aussoen huet hien da literaresch verschafft a presentéiert se a senger Performance am Kader vum Festival Hate an der Abtei Neimënster. E Bäitrag vum Valerija Berdi.