Kultur
Hate Radio: de Regisseur am Gespréich
Am Kader vum Festival "Hate" an der Abtei Neimënster gëtt den 2. an de 3. September d'Stéck "Hate Radio" ënner der Regie vum Milo Rau gewisen. De schwäizer Regisseur an Theaterauteur Milo Rau huet mat sengem "International Institute of Political Murder" eng nei Form vu dokumentarescher an ästhetescher Veraarbechtung vu politeschen Theme fir den Theater kreéiert. Mat sengem Stéck "Hate Radio" weist hien a seng Equip, wéi Manipulatioun an Opruff zu engem Genozid realiséiert ginn. Iwwert seng Aarbecht, seng Recherchen a seng Method, erzielt de Milo Rau an engem Gespréich mam Valerija Berdi.