Kultur
Den iwwerluechten, schëllegen Onschëllegen
Wann een un d’Spëtzt vum Nazi-Regime während dem Zweete Weltkrich denkt, da kommen engem fir aller éischt d’Nimm wéi Hitler, Himmler, Goebbels, oder Göring an de Kapp, mä och den Architekt Albert Speer huet zu de Spëtzeleit vum Drëtte Räich gehéiert, déi eng brutal an traureg Geschicht geschriwwen hunn. Als Architekt sollt den Albert Speer dem Hitler seng Welthaaptstad "Germania" realiséieren an als “Rüstungsminister” huet hien déi mäerderesch Nazi-Maschinnerie bis um Enn um Lafe gehalen. Den Albert Speer, ass haut op den Dag virun 35 Joer den 1. September 1981 gestuerwen. Hien huet et fäerdeg bruecht dem Militärgeriicht zu Nürnberg seng Roll am Zweete Weltkrich als déi vun engem apolitesche Bierger, dee verfouert gouf, plausibel ze maachen, an e gouf just zu 20 Joer Prisong condamnéiert. Detailer vum Jean-Claude Majerus.