Kultur
De Bee Gee mat der Falsett-Stëmm
Weltkarriär, Drogenexzesser, Ënnergank, privat Schicksalsschléi a “Comebacks”, dës Wierder beschreiwe am beschten dem Bee-Gees-Sänger, Museker a Komponist Barry Gibb säi Liewen. “In the Now” heescht säin neien Album, deen am Oktober erauskënnt, an den Titel “Hei an Elo” ass wuel Synonym fir dem Veteran vun der Disco-Epoch säi mouvementéiert Liewen. An sengem neien Album huet de Barry Gibb probéiert seng bescht Säit vu sengem Liewen ze beschreiwen. Et ass e ganz autobiographeschen Album ginn, net bewosst, mä onbewosst. Säi Liewe gouf vu villen Tragedië markéiert, viru kuerzem ass dem Barry Gibb seng Mamm Barbara am Alter vu 95 Joer gestuerwen. Vu senge véier Gesëschter lieft nach just seng Schwëster Lesley, säi jéngste Brudder Andy an d’Zwillinge Robin a Maurice sinn schonn dout. De Jean-Claude Majerus mat weideren Informatiounen.