Invité:e vum Dag
Jean-Claude Muller
Als Responsabelen am Staatsministère fir d'"Mémoire" ass de Beamten och den Uspriechpartner fir den neie Comité fir d'Erënnerung un den Zweete Weltkrich. Fir d'éischte Kéier sollen elo dräi verschidden Affergruppen gemeinsam d'Erënnerungsaarbecht organiséieren: Resistenzler, Zwangsrekrutéiert an déi jüddesch Communautéit. D'Pia Oppel schwätzt mam Jean-Claude Muller iwwer d'Erausfuerderung, d'Mémoire wakreg ze halen an enger Zäit, an där ëmmer manner Zäitzeie kënnen temoignéieren. Thema sinn och déi verschidden Deeg, un deenen zu Lëtzebuerg den Affer vum Nazi-Regime geduecht gëtt: Dorënner den nationalen Dag vum Souvenir (10. Oktober), grad wéi d'Erënnung un d'Streikaktioune géint den Zwangsrekrutement (31. August) an un d'Deportatioun vun iwwer 300 Judden a Polen (16. Oktober).
D'Pia Oppel féiert duerch d'Gespréich.