Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Blind Guardian & Twilight Force

Blind Guardian & Twilight Force

Blind Guardian

Et geet dës Kéier weider mat der klenger Serie vun Interviewen, déi ech um Wacken gemaach hunn. Den Interview an dëser Editioun kënnt vun enger Band, déi ech um Wacken déi éischte Kéier gesinn hunn, an déi ech och op kee Fall wollt verpassen, well si an Däitschland Heemspill hunn an dofir um Wacken quasi jiddereen all Lidd matséngt. Riets geet vun de phänomenalen - sou wéi ech se nennen - Epic Metaller vu Blind Guardian. Mäin Interview hunn ech mam Sänger Hansi Kürschi gemaach, an an deem huet hie verroden, firwat et esou wichteg war, dass si op hirem leschten Album Beyond The Red Mirror mat puer Choueren zesummegeschafft hunn, dass hir Hierscht-Tour, op där si jo Imaginations From The Other Side ganz spillen, net op Nord-Amerika wäert beschränkt bleiwen, wéi eng Lidder Live besonnesch schwéier ëmzesetze sinn, an och nach wéi d’Aarbechten um Orchester-Album, dee si schonn zënter Jore verspriechen, viru ginn..

Twilight Force - Heroes Of Mighty Magic (9/10)

Power Metal stierft lues awer sécher aus, kéint ee mengen. Zwar gouf et ëmmer nees déi eng oder aner gutt Band, déi probéiert huet, Rhapsody et no ze maachen, déi mam bombastesche Songwriting, der technescher Exzellenz an de fantastesche Lyrics op hirem Symphony Of Enchanted Lands II de Moossstaf fir de Genre gesat hunn, ma bis well ass kee sou wierklech och nëmmen an d’Géigend dovunner komm, mol ofgesi vu Blind Guardian, déi sech selwer jo guer net als Power Metal Band gesinn.

Et gëtt allerdéngs eng nach relativ jonk Band, déi virun 2 Joer hiren éischten Album erausbruecht huet an haut hiren zweeten, déi amgaangen ass d’Welt vum Power Metal nees waakreg ze rëselen, nämlech déi schwedesch Band Twilight Force.

A beim Lauschtere brauch een net laang iert ee mierkt, dass hiren zweeten Album Heroes Of Mighty Magic dat Bescht ass, wat der Power Metal Welt an de leschte Jore geschitt ass. Den Album, deen ech als Geek net nëmmen als Hommage un de Power Metal gesinn, mä och als Hommage un d’Rollespillserie Might & Magic, respektiv Heroes Of Might And Magic, huet alles, wat ee gudde Power Metal Album muss hunn, wéi den Opener Battle Of Arcane Might oder och aner Tracks wéi Powerwind a Flight Of The Saphire Dragon beweisen: séier Doublebass, phänomenal Symphonien, déi Héngerhaut ausléisen, Gittar Sweeps a Vocals, déi a wonnerbare Chorussen hiren Héichpunkt fannen.



Dobäi huet all Lidd, wat déi 6 Power Metal Fans komponéiert hunn, säin eegent musikalescht Thema. Doduerch, dass dofir net all Lidd d’selwecht kléngt, kritt den Album och genuch Ofwiesslung

Ganz kolossal musikalesch Strukturen huet och den Track There And Back Again, wat mat eppes iwwer 10 Minutten och dat längst Stéck um Album ass, ähnlech monumental ass och de leschten Titel um Album, dee gläichzäiteg den Titeltrack ass.

Twilight Force hunn am Géigesaz zu enger anerer Partie moderne Power Metal Bands mat traditionelle Mëttel eng frësch Perspektiv op de Genre geworf, a beweise mat hirem zweeten Album, wéi wonnerbar de Genre awer ka sinn. Vill Power Metal Bands komme mat hirer Symbolik, hiren Texter a mat hirem Optrieden heiansdo bësse pupeg a lächerlech eriwwer. Déi lächerlech Elementer feele bei Twilight Force natierlech och net. Wie scho mol Bandfotoe vun hinne gesinn huet, versteet, wat ech mengen. Ma d’Musek vun de Schweden ass einfach sou gutt, dass engem dat ronderëm egal gëtt. An et ass jo u sech och net verkéiert, sech selwer net all ze eescht ze huelen.

Playlist

Napalm Death - Twist The Knife (Slowly) (Fear, Emptiness, Despair - Earache - 1994)

Anaal Nathrakh - Depravity Favours The Bold (The Whole Of The Law - Metal Blade - 2016)

Blind Guardian - The Ninth Wave (Beyond The Red Mirror - Nuclear Blast - 2015)

Darkthrone - Tundra Leech (Arctic Thunder - Peaceville - 2016)

Metallica - Hardwired (Hardwired... To Self-Destruct - Blackened Recordings - 2016)

Korn - Insane (The Serenety Of Suffering - Roadrunner - 2016)

Twilight Force - Heroes Of Mighty Magic (Heroes Of Mighty Magic - Nuclear Blast - 2016)

Obituary - Loathe (Ten Thousand Ways To Die; Relapse; 2016)

Episoden