Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Entombed A.D. & Equilibrium

Entombed A.D. & Equilibrium

Entombed A.D.

Eng Band, déi den David Wagner onbedéngt um Wacken wollt gesinn, waren Entombed, oder neierdéngs jo Entombed A.D. A mat hinnen huet hien dofir och en Interview gemaach, fir genee ze si mam Sänger LG Petrov an hirem neie Gittarist Guilherme Miranda. An do goung et ënnert anerem ëm den horente Präis vum neie Béier, deen Entombed mat entworf hunn, doriwwer firwat de Wacken fir si nach ëmmer Underground ass an iwwert éischt Detailer vum nächsten Album ...

Album vun der Woch: Equilibrium - Armageddon (9/10)

Eng weider Band, déi um Wacken gespillt, an do definitiv ofgerappt huet, waren déi däitsch Folk Metaller vun Equilibrium, mat deenen den David Wagner och en Interview gemaach huet, deen héiert der awer réischt an der nächster Sendung. Elo gëtt et fir d’éischt mol de Review vun hirem neisten Album Armageddon, deen d’lescht Woch erauskoum.

De Fans, déi de leschten Album "Erdentempel" kennen, kann ee soen, datt "Armageddon" bëssen esou kléngt, wéi wa se de Sound vum leschten Album bäibehalen hunn, just datt d’Gittare méi déif gestëmmt goufen. Allerdéngs gouf d’Orchestréierung e gudde Krack eropgeschrauft, sou datt dat ganz nach méi epesch kléngt. Wéi epesch den neien Album gëtt, mierkt ee schonn direkt am Intro.

Wat de Rescht vum Album ugeet, bleift et bis op e puer Ausnamen zimlech epesch, mä dozou duerno méi. Nom Intro geet et mol fir d’éischt sou richteg heavy lass mat "Erwachen", wat duerch en dreiwende massive Riff .. jo.. gedriwwe gëtt. An an enger epescher Fanfare explodéiert, déi ee sou richteg an d’Welt vun de Wikinger eranzitt. Eng phänomenal Orchestréierung gëtt et och duerno am Stéck "Katharsis", wou ee sech scho bal virkënnt, wéi am Soundtrack vun engem Fantasy Film.

Bësse méi a Richtung Power Metal geet et mat deem extrem erfreeleche Stéck "Heimat", dat duerch d’Melodien an d’Flütten net u Folklor-Charakter verléiert. Wéi den david Wagner vun den Ausname geschwat huet, huet hie vum nächsten Titel um Album geschwat, nämlech vu "Born To Be Epic". Well grad dat ass senger Meenung no dat onepeschst Stéck um Album, obwuel et dat dem Titel no awer schonn iergendwéi sollt sinn. D’Lidd an de Video sinn extrem cheesy, op d'mannst wat den Text ugeet, wahrscheinlech well hei op Englesch gesonge gëtt an dat den Däitsche wuel net hir Stäerkt ass.



Den Hook mat de Flütten ass am Endeffekt awer iergendwéi cool a bleift trotzdem am Kapp an och am Lidd "Rise Again" méi spéit um Album ass dat Englescht net sou schlëmm wéi hei.

Wa mer vu Power Metal schwätzen, musse mer awer och dat nächst Stéck erwähnen, et gëtt nämlech keen anert Stéck vun der Band, dat sou vill Power a Speed Metal Elementer huet, déi sou därmoosse mat Folklor-Melodien a Black-orientéierte Blasts geschmückt sinn, wéi "Zum Horizont".

Dat wuel eenzegaartegst an interessanst Lidd op "Armageddon" ass awer wuel Koyaaniskatsi. Mat geschwatenem Text an de Blechblosinstrumenter an d’Keyboard Melodien, déi sech widderhuelen, kënnt engem dëst Stéck vir, wéi den Héichpunkt vum Fantasy Film, an deem mer mengen eis ze befannen, wa mer den Album lauschteren.

Mat "Armageddon" hunn Equilibrium een exzellente Folk Metal Album gemaach, dee voll ass mat wonnerbare folkloristesche Melodien, enger phänomenaler Orchestréierung an Hooks, déi ee matrappen.

Playlist

Hammerfall - Legacy Of Kings (Legacy Of Kings, Iron Ltd.)

Serpentine Dominion - The Vengeance In Me (Serpentine Dominion, Metal Blade)

Entombed - The Winner Has Lost (Dead Dawn, Century Media)

Inquisition - From Chaos They Came (Bloodshed Across The Empyrean Altar Beyond The Celestial Zenith, Season Of Mist)

The Agonist - The Moment (Five, Century Media)

Vader - Prayer To The God Of War (Iron Times, Nuclear Blast)

Equilibrium - Eternal Destination (Armageddon, Nuclear Blast)

True Widow - Theurgist (Avvolgere, Relapse)

Crobot - Not For Sale (Welcome To Fat City, Nuclear Blast)

Episoden