Blue Note
Nei CD Produktiounen am Jazz
Fënnef nei CD-Produktioune presentéiert de Manuel Ribeiro mat Musker vu ganz verschiddenen Horizonter. De franséische Multi-Instrumentist Renaud-Gabriel Pion mat sengem Projet "New York Sketches" liwwert eng CD mat éischter düstere Faarwen. De franséische Batteur Olivier Le Goas beweegt sech méi am traditionelle Beräich a bréngt mat engem neie Quartett den Album "Reciprocity" eraus. "Punch" ass den neien Album vum britesche Pianist Elliot Galvin. Am Kader vum 75. Anniversaire vum Klarinettist Lojas Dudas sinn zwee Albumen als Tribute erauskomm.