Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Miles To Perdition & Vader

Miles To Perdition & Vader

Miles To Perdition @ Wacken

De leschte Weekend war den David Wagner um Wacken an hunn do eng ganz Parti Interviewe gemaach, ënnert anerem mat de Lëtzebuerger Metal Battle Gewënner Miles To Perdition. De Video vun hirem Optrëtt huet d’Band jo an der Tëscht gepost. Hiren Optrëtt ass jo leider net duergaang, fir ënnert déi éischt 5 ze kommen, ma wéi all déi aner Bands kruten och si en Trouschtpräis, nämlech e Kontrakt mat Randall a Washburn, fir 6 Méint laang 50% op all hiren Artikelen ze kréien. Am Interview erklären déi ganz gutt gelaunte Bandmembere Ken a Lucas, wéi si hiren Optrëtt um weltwäit gréisste Festival an dat ronderëm esou erlieft hunn.

Album vun der Woch: Vader - Iron Times (EP) (8/10)

Den 23. September hätt eigentlech sollen den neie Vader Album erauskommen. Ma d’Polen hunn de Release Datum op de 4. November verréckelt. Souzesoen als klengen Trouscht an als Virgeschmaach koum haut (12. August) dofir eng kleng EP eraus, mat zwee neie Stécker, déi och um Album wäerten drop sinn a mat zwee Bonus Tracks.

Déi zwee éischt Stécker si genee dat, wat ee vu Vader erwaarde kann. Dat éischt Stéck Parabellum ass e thrashegt Death Metal Lidd, wat viru geet. Vill Thrash am Haaptriff, vill Blasts dotëscht, ee fir de Spider typesche Solo, iert dann zum Schluss vun de knapp zwouanhalwe Minutten den Haaptriff an d’Blasts nach emol erëmkommen. Kuerz a knackeg!

Och den zweeten Track Prayer To The God Of War ass zimlech thrasheg ma et geet net grad esou viru wéi beim Opener a bleift bësse méi am Mid-Tempo hänken. Blastbeats gëtt et hei net, dofir awer vill Doublebass an e richteg coole Breakdown + Solo an der Mëtt.

Déi zwee nei Lidder maache Spaass a bréngen een zum Headbangen, iert ee sech versinn huet. Un déi richteg grouss Vader Klassiker kommen se allerdéngs nach net erun.

Déi zwee aner Stécker op der de EP sinn zwar och nei, allerdéngs sinn et Cover Lidder. Den Ufank mécht "Piesc I Stal", e Cover vu Panzer X, dem Heavy Metal Nieweprojet vum Peter a Spider. Et ass eng polnesch Versioun vum Titeltrack vun der Band hirer eenzeger EP, déi 2006 erauskoum an am Original "Steel Fist" geheescht huet. Et erkennt een natierlech, datt de Peter an de Spider och hei beim Original mat um Wierk waren. D’Stéck kléngt am Original schonn zimlech no Vader, just bësse méi lues an ass fir op dëser EP nach méi un de Stil vu Vader ugepasst ginn.

Zum Schluss gëtt et dann nach de Motörhead Gassenhauer "Overkill", e klengen Tribut un de verstuerwene Lemmy, an och déi ass richteg cool ginn. Den eenzegen Ënnerscheed zum Original ass, datt de Peter anescht séngt wéi de Lemmy an datt d’Gittare méi déif gestëmmt sinn.

De Fazit vun dëser kuerzer EP fält deemno gemëscht aus. Déi zwee nei Stécker wäerte souwéisou um neien Album drop sinn, déi zwou Cover Versioune si witzeg a gutt gemaach, sinn awer och keng Mussesaach. D’EP ass sécher e Muss fir Vader Fans, déi wierklech alles vun der Band wëllen hunn. All anere kann am Fong och op den Album waarden an déi zwee aner Stécker op Youtube checken. Natierlech lauschtere mer eis och lo e Stéck vun der EP a voller Längt un.

Playlist

Darkthrone - A Blaze In The Northern Sky (A Blaze In The Northern Sky, Peaceville)

In Flames - Everything’s Gone (Sounds From The Heart Of Gothenburg, Nuclear Blast)

Miles To Perdition - Blasphemous Rhapsody (Blasphemous Rhapsody, Independant)

Allegaeon - Proponent for Sentience III (Proponent For Sentience, Metal Blade)

Pulse of Nebulae - Triumph of the Sun (Pulse Of Nebulae, Independant)

Gatecreeper - Craving Flesh (Sonoran Depravation, Relapse)

Vader - Parabellum (Iron Times, Nuclear Blast)

Devin Townsend Project - Failure (Transcendence, InsideOut)

Lamb Of God - Embers (VII: Sturm Und Drang, Roadrunner)

Clutch - The Regulator (Blast Tyrant, Weathermaker Music)

Pain - Call Me (Coming Home, Nuclear Blast)

Episoden