Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Sinsaenum & Hammers Of Misfortune

Sinsaenum & Hammers Of Misfortune

Sinsaenum - Echoes Of The Tortured (7,5/10)

Virun allem Slipknot Fans wäerte matkritt hunn, dass den Joey Jordison, nodeems en erausgehäit gouf, weider Musek mécht, an dat momentan direkt an e puer Bands. Eng dovunner, nämlech Sinsaenum, déi de fréiere Slipknot Drummer zesumme mam Dragonforce Bassist Frédéric Leclerq gegrënnt huet, hunn haut hiren Debutalbum Echoes Of The Tortured erausbruecht. Mat un deem Wierk bedeelegt waren op de Gittaren nieft dem Leclerq nach de Loudblast Gittarst Stéphane Buriez, déi zwee Sänger sinn de Sean Zatorsky vun Daath an den Attila Csihar vu Mayhem an um Bass ass den Heimoth vu Seth.

Kéint ee mengen, dass bei sou enger Supergroup e Bombast vun Album muss entstoen. Leider ass dat awer net ganz de Fall. Verstitt mech net falsch, et ass kee schlechten Album, mä et ass einfach net dat, wat ee vun esou engem Lineup géif erwaarden. Dës Supergroup huet just einfach e mol méi mol manner straight forwarde Blackened Death Metal Album gemaach, mat Tonne Filler, fir genee ze sinn, een tëscht all richtegem Lidd.

Dat éischt richtegt Lidd Splendour And Agony, fir dat viru kuerzem en zimlech raue Video erauskomm war, setzt de Moossstaf fir de Rescht vum Album. Hei bitt de Sextett virun allem een zimlech coolen, bëssen technesche Riff, Blast Beats a Growls, also standard Death Metal.

Och dat Stéck duerno, Inverted Cross, ass relativ technesch an awer nach zimlech standard. Dass ee vu blackened ka schwätzen, läit virun allem un de Vocals, déi zwar net ëmmer a Black Metal Format präsent sinn, ma wéi een se z. B. an der éischter Single vun der Band, Army Of Chaos héiert, wat duerch den Upbeat bëssen un de Black N Roll à la Satyricon erënnert.

Esoulues ass de Punkt dann och erreecht, wou ee genuch där Füller héieren huet an de Momentum vum Album leider zimlech gebremst gëtt.

Positiv ass um Album awer, wann een dat Wuert an dësem Kontext benotze kann, dass déi richteg Lidder trotz hirem 0815 Touch eng zimlech düster Atmosphär hunn an dach awer relativ intensiv sinn a Spannung an engem opbaue kënnen. An zum Deel sinn d’Lidder net nëmmen heiansdo bëssen technesch, mä och nach grooveg.

Een interessanten Aspekt ass awer och deen, dass d’Band zwee Sänger huet, déi sech de Ball heiansdo géigesäiteg zouspillen oder de Gesang matenee vermëschen.

Vu dass d’Band virun allem duerch dem Joey Jordison seng Prominenz a säi Rausschmass bei Slipknot bekannt ginn ass, muss een natierlech och puer Wuert iwwert hie verléieren. Den Joey weist bei Sinsaenum, dass hien definitiv eppes vun Death Metal versteet. Virun allem am Song Anfang des Albtraums kléngt hien esou, wéi wann hie säi Liewe laang näischt anescht gemaach huet. Allerdéngs feelt et um ganzen Album un där Innovativitéit, déi hie bei Slipknot un den Dag geluecht huet. Ob dat elo gutt oder schlecht ass, sief dohi gestallt, am Endeffekt passt säi Geknëppels jo ganz gutt. Mä vläicht wier mat bësse méi Kreativitéit alles méi interessant ginn.

Och déi aner Museker liwweren hir Deeler ouni mat der Wimper ze zucken of, spillen tight a brutal, ma och hei gëtt et, wéi gesot wéineg Innovatives. Am grousse ganze kann een also soen, dass Echoes Of The Tortured en zolitten Album voller cooler Riffer an interessante Vocals ass. Allerdéngs gëtt - wéi ee sou dacks seet - hei d’Rad net nei erfonnt. D’Erwaardungen, déi ech un dëse Lineup hat, goufen net erfëllt, ma den Album kann een trotzdem lauschteren!

Hammers Of Misfortune - Dead Revolution (8/10)

5 Joer laang war et roueg ëm d’Bay Area Band Hammers Of Misfortune. Den Haaptkomponist John Cobbett ass vill beschäftegt an anere Projeten, krut e Kand mam Sigrid Sheie, der Keyboardspillerin a Sängerin vun der Band an de Sänger John Hutton hat een zimlech schroe Motosaccident.. Lo, no 5 Joer, wéi gesot, sinn se awer nees zréck, mat hirem neisten Album Dead Revolution, vun deem ech och well Musek hei virgestallt hunn.

A vun deem kann ee getrouscht soen, adss et e verdammt gudden Album ass, dee vu prog getünschtem Heavy Metal trieft. De fette Riff ass d’Fundament vun all de crunchy düstere Lidder, vun Ufank bis zum Schluss. Verbonne gëtt dat ganzt mat Hëllef vu klasseschem Prog Keybord, déi dem Album en Driff ginn a sou essentiell fir den Album sinn, wéi all eenzele monstréise Riff.

Et ass zwar keen Hommage un d’70er, wat et jo bei ville Prog Bands hautesdaags fënnt, ma den Afloss dovunner an d’Léift dozou héiert een trotzdem eraus. An am Géigesaz zu villen anere Progressive Metal oder Rock Bands, probéieren Hammers of Misfortune ni ee mat technesche Saachen ze beandrocken, déi souwisou näischt zu de Lidder bäidroen, ausser dass een dovunner Kapp wéi kritt.Nee, op Dead Revolution maachen Hammers Of Misfortune Song-orientéierte Metal, an déi Elementer, déi am Endeffekt de Progressiven Touch ausmaachen, déngen am Fong just dozou, bësse méi aus de Lidder erauszehuelen ouni den zollitte songwriting ze vernoléissegen.

Woubäi dat awer op kee Fall soll bedeiten, dass d’Band net tight wier oder keng Power hätt. Ganz am Géigendeel. D'Gittaristen handhaben hire Rhythmus an hir Leads mat enger Liichtegkeet an d’Lidder spruddelen nëmme sou vun interessante Soloen, während deems d’Riffer an de groovege Bass sech wonnerbar mat de wëllen Drums vereenen.

Dozou muss een och soen, dass d’Vocals vun Hammers Of Misfortune d’Saach wonnerbar ofronnen, well de Sänger ganz dacks éischter Baritone wéi Sopran séngt an dat eng wëllkommen Ofwiesslung ass an deem Genre.

Dat eenzegt, wat un dësem Album bësse komesch ass, dat ass, dass e fir e Prog Album mat senge 47 Minutten dach zimlech kuerz ass. Mä wierklech meckeren doriwwer kann een net, well déi 47 Minutte sinn et wierklech derwäert; wéi gesot, et gëtt néierens onnéideg opgefëllt. Natierlech wäert et ëmmer Leit ginn, déi eppes auszesetzen hunn.. Prog Fans fannen e vläicht ze heavy a Metaller fannen e vläicht ze soft, ma jiddereen, dee bëssen en oppene Geescht huet, wäert vun dësem Album begeeschtert sinn.

Agenda

The (Last) Reckoning @ Rocas, Stad

Bury Tomorrow @ Garage, Saarbrécken

Iron Maiden @ Rockhal, Esch-Belval

Parkway Drive @ Atelier, Stad

Playlist

Blind Guardian - Mirror Mirror (Nighrfall In Middle-Earth, Virgin Records)

Witherscape - Wake Of Infinity (The Northern Sanctuary, Century Media)

Sinsaenum - Splendor And Agony (Echoes Of The Tortured, earMUSIC)

Revocation - Arbiters Of The Apocalypse (Great Is Our Sin, Metal Blade)

Korn - Rotting in Vain (The Serenty Of Suffering, Roadrunner)

A Day To Remember - Bullfight (Bad Vibrations, ADTR Records)

Hammers Of Misfortune - Dead Revolution (Dead Revolution, Metal Blade)

True Widow - Entheogen (Avvolgere, Relapse)

Periphery - The Way The News Goes (Periphery III: Select Difficulty, Sumerian, Century Media)

Carnifex - Slow Death (Slow Death, Nuclear Blast)

Gojira - Silvera (Magma, Roadrunner)

Episoden