Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Periphery & Witherscape

Periphery & Witherscape

1. Metal Album vun der Woch: Periphery - Periphery III: Select Difficulty (9/10)

Déi amerikanesch Band Periphery gehéiert zu de Pionéier vum Djent am Progressive Metal. Am Géigesaz zu villen aneren Djent Bands, déi no hinne komm sinn, integréiere si hir Djent Elementer awer meeschtens an e relativ komplext Konstrukt a beweise mat hirem aussergewéinleche Songwriting, wéi kreativ si sinn. Obwuel et d'Band eréischt 11 Joer gëtt, hu Periphery well 5 Albumen an 2 EPen erausbruecht. Dat neiste Wierkt Periphery III: Select Difficulty koum haut eraus an ass dofir eisen éischte Metal Album vun der Woch.

Wat mech bei Periphery ëmmer nees erstaunt ass de Fakt, dass ëmmer relativ wéineg Zäit tëscht den eenzelen Albummen an EPen ass, an awer kléngt ëmmer alles anescht wéi iwwert de Knéi gebrach. Z. B. hannerléisst den Album Opener The Price Is Wrong zimlech séier e gudden Androck, wann d’Band mat hirem progressiven Djent lassleet. Et ass e richtegt heavy Stéck mat brutale Vocals, déi wonnerbar bei déi verschidden Taktgeschwëndegkeete passen a mat interessanten ofwiesslungsräiche Rhythmussen.

Ähnlech geet et am Stéck duerno, bei Motormouth, virun, mat der Ausnam, dass do nach e puer Pinch Harmonics a clean Vocals dobäi kommen.

Aussergewéinlech gutt op dësem Album gelongen fannen ech Marigold, fir dat d’Band och well e Video erausbruecht huet, a sou als offiziell Single ka bezeechent ginn. Et ass en Track, dee wuel dat bescht verkierpert, wat Periphery ze bidden huet, obwuel et bei dësem Lidd e Krack méi lues hir geet. D’Stéck fänkt u mat engem schéine Segment mat Sträichinstrumenter, iert e relativ neoklassesche Riff a clean Vocals d’Stëmmung fir de Song opbauen an duerno an der Bréck bësse méi rau gëtt a schlussendlech, respektiv ëmmer nees erëm an engem epeschen, Héngerhaut induzéierende Refrain säin Héichpunkt fënnt.

Net vill anescht geet et hir am Song The Way The News Goes, wat direkt duerno kënnt, allerdéngs kënnt dat net grad un d’Atmosphär vu Marigold erun, wat awer net bedeit, dass et e schlecht Lidd ass. An och Remain Indoors ass nees eng perfekt Mëschung aus haarden a softe Momenter, déi Periphery ëmmer nees ganz gekonnt matenee verbannen an esou Momenter schafen.

E Krack méi haart geet et duerno nees viru mat Habitual Line-Stepper a Flatlines, déi wuel ganz séier zu Live Gassenhauer wäerte ginn. Och hei nees déi Periphery typesch polyrhythmesch Beats.

Déi wuel techneschst an trotzdem och memorabelst Gittar Momenter gëtt et awer am stéck Absolomb.

An nodeems d’Band mat Catch Fire e méi relaxt awer net manner wonnerbart Stéck bréngen, geet et mat Prayer Position mat Vollgas a Richtung Schluss vum Album, dee Periphery mam 7 Minutte laange Meeschterwierk Lune ofschléissen, wat alt nach emol all eenzelen Aspekt vun der Band ervirhieft, an och nees vu ganz rouege Momenter Gebrauch mécht.

Periphery III: Select Difficulty kënnt net grad un de leschten Duebelalbum erun, huet awer trotzdem genuch ze bidden, fir en zu engem aussergewéinlech gudden Album ze maachen, deen an där Mass vun Djent a Progressive Metal Albummen ervirstécht.

2. Metal Album vun der Woch: Witherscape - The Northern Sanctuary (8,5/10)

Mir hu virdru vu Periphery geschwat an ech hat jo gemengt, dass si nawell extrem kreativ sinn a wierklech net nëmme qualitativ mä och quantitativ vill op d’Rei kréien. Ma eisen zweete Metal Album vun der Woch kënnt vun enger Band, där hiren Haaptmember d’Leeschtung vu Periphery an de Schied stellt. Riets geet vum legendären Dan Swanö, deen a sou vill Bands gespillt huet, dass et der ze vill si fir opzezielen an niewelaanscht och nach Produzent ass, a vu senger Band Witherscape, an där hie just vun engem anere Mënsch, nämlech vum Ragnar Widerberg ënnerstëtzt gëtt.

A wien den Debutalbum vun der Band kennt, dee weess, mat wat en um neien Album The Northern Sanctuary rechne kann: Räichen, melodeschen, zum Deel progressiven a rockegen Death Metal, deen am Ouer bleift an trotz der Brutalitéit och vill schéi Momenter huet, ebe sou wéi gudde Melodesche Death Metal soll sinn.. D’Melodien erënneren dobäi zum Deel un déi typesch Götheborg Riffer aus den 90er, notamment un déi fréi In Flames.

Direkt mam Opener Wake Of Infinity liwwere Witherscape e Mammut vun engem Lidd of. Voll mat innovative Riffer, verréckte Keyboard Passagen an engem coole Mix aus brutale Growls a relativ dramatesche cleane Vocals; e gewaltegen Opener.

Bësse méi an den Album eran, fënnt ee Rapture Ballet, alt nees e weidert Monster vun engem Song, deen alt nees duerch seng exzellent Riffer ervirstécht, seng schéi Melodien an d’Catchniess vun den Hooks.

Ganz impressionnant ass och dat düstert The Examiner, wat voller Angscht an dempriméierenden Emotioune stécht, grad wéi Marionette, wou den Dan Swanö sech virun allem a Punkto Vocals selwer iwwertrëfft.

Häerzstéck vum Album ass awer wuel den Titeltrack vun The Northern Sanctuary, wat a senge 14 Minutten e staarken Edge Of Sanity Vibe huet, andeems et tëscht extrem melodesch, Doom an Death hin an hir hopst. An och hei nees déi extrem gutt Balance tëscht techneschem Riffage a Catchiness

Och wann ech hei lo just puer Stécker ernimmt hunn, sou sinn déi aner net manner wäert. Et ass keen eenzege Füller um Album drop a souguer dat schwaachst Stéck God Of Ruin huet vill Atmosphär an ass nach ëmmer gutt genuch, dass een et net wäert iwwersprangen.

Ech sot virdrun, dass den Dan Swanö sech a Punkto Vocals iwwertrëfft, ma och vun der Gittaraarbecht muss ee soen, dass de soss onbekannte Ragnar Widerberg extrem impressionnant schafft. Seng Fähegkeete gi vu fettem Riffage iwwert kleng nuancéierte picking bis hin zu extrem technescher Versatilitéit, bréngt et awer fäerdeg sech zréckzehalen, wann et Sënn mécht.

Bis elo war nach quasi alles, wat den Dan Swanö ugepaakt huet, zu engem Erfolleg ginn, an dat ass mam neie Witherscape Album net anescht. Chapeau.

Agenda

Lightmare / Cosmogon / Exorbited @ No Man's Land, Volmerange-les-mines

Dead Lord @ Rock Box, Clausen

Misery Index / Teethgrinder / Cpt. Caveman / Inhuman Rampage @ Exhaus, Tréier

Saarmageddon Festival @ Messegelände, Saarbrücken

Playlist

Scorpions - Blackout (Blackout, Mercury Records)

Allegaeon - Gray Matter Mechanics (Single, Metal Blade)

Periphery - Habitual Line-Stepper (Periphery III: Select Difficulty, Sumerian / Century Media)

Prophets Of Rage - Prophets Of Rage (Single)

Nonpoint - Generation Idiot (The Poison Red, Spinefarm)

Pain Of Salvation - Fandango (Live) (Remedy Lane re:visited, InsideOut)

Witherscape - In The Eyes Of Idols (The Northern Sanctuary, Century Media)

Hammers Of Misfortune - Dead Revolution (Dead Revolution, Metal Blade)

DevilDriver - My Night Sky (Trust Noone, Napalm)

Allegaeon - Appassionata Ex Machinea (Single, Metal Blade)

Episoden