arrow_back_ios
Kultur
Bilder einer heilen Welt an der Villa Vauban
Opgedeelt op sechs thematesch Säll weist déi nei Ausstellung "Bilder einer heilen Welt-Images d'un monde serein" an der Villa Vauban, wat vill Kënschtler am 19. Joerhonnert gemoolt, an d'Leit nawell gäre kaf hunn: Duerstellunge vun idyllesche, "romanteschen" Zeenen oder Landschaften, déi am Kontrast zu där dacks mouvementéierter an ustrengender Realitéit stoungen. D'Cléo Thoma war kucken.