Kultur
Eischte Festival du Film Subversif zu Metz
Vum 9. bis den 12. Juni gëtt deen éischte Festival du Film Subversif zu Metz (FFSM) ofgehalen. Film ass souvill méi wéi just Mainstream-Spektakelen. Déi kleng, mä äerdeg Organisatioun The Bloggers Cinema Club vu Metz stellt dëst Joer deen éischte Festival du Film Subversif an der Lorraine-Stad op d'Been. Mat Projektiounen an de lokale Kinossäll awer och beispillsweis am Centre Pompidou-Metz, mat Concerten a Ciné-Concerten, Ausstellungen, Diskussiounen an natierlech lauter Filmer.