Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Mindpatrol, Revocation & Deadlock

Mindpatrol, Revocation & Deadlock

Mindpatrol

Mindpatrol hunn en neit Lidd verëffentlecht. Oder besser gesot eng nei Versioun vun engem ale Lidd, nämlech vun Depulsoris Ira, e Stéck vu Mindpatrol, wat well op der Band hirem éischten Album Downfall Theatre war. Si hunn dat Stéck elo allerdéngs nei opgeholl, gemixt a gemastert an dat alles an engem méi déiwen Tuning. Vun hirem neie Gittarist Miguel gëtt et dovun elo dann och e Playthrough Video:



1. Metal Album vun der Woch: Revocation - Great Is Our Sin (9/10)

Eisen éischte Metal Album vun der Woch kënnt haut vu Revocation, eng vun de wuel interessanteste Metal Bands aus eisem Joerhonnert. Revocation sinn nämlech net nëmmen iergendeng gewéinlech Heavy oder Death Metal Band, si bréngen et ëmmer nees fäerdeg kreativ, innovativ, interessant an dynamesch ze sinn. An dat weise si och nees op hirem neisten Album Great Ir Our Sin, deen déi nächst Woch eraus kënnt.

Wien d’Band scho kennt, deen huet ëmmer schon eng gewësse Virstellung, wat en erwaart. Dat allerdéngs net a Punkto Riffer, déi sinn definitiv net ëmmer virauszegesi bei der Band, mä et weess een, dass een iwwerrascht wäert ginn. A sou ass et, dass een zwar weess, dass ee mat Iwwerraschunge rechne muss, mä am Endeffekt weess een awer ni wat wierklech op een duerkënnt:

An dat bescht ass, et klappt ëmmer. Revocation bréngen nie den 0815 Chorus oder Breakdown, mat deem een op verschiddene Passage kéint rechnen, mä iwwerraschen ëmmer nees mat hirem Songwriting, a beweisen, dass si einfach nëmmen interessant Iddien hunn an dass si och net iergendengem Klischee nokommen, mä einfach dat maachen, ob dat si Loscht hunn, an hunn och nach Spaß dobäi, wat een natierlech virun allem da gesäit, wann ee si live kucke geet

Ma den neien Album Great Is our Sin ass net nëmmen dowéinst extrem interessant, well en dakcs iwwerrascht, en ass och extrem dynamesch, wat virun allem am Death Metal net ëmmer sou evient ass. Sou ass Crumbling Imperium wuel ee vun den heavyste Stécker, déi d’Band je geschriwwen huet, a woubäi sou Stécker wéi Arbiters of the Apocalypse ass nees eng Kéier demonstréieren, dass d’Band och fäheg ass, extrem technesch Riffer mat balls to the walls sweat Rock Riffer à la Guns & Roses mateneen ze verbannen.

Natierlech fënnt een op Great is Our Sin och nees Tonne Referenzen un eng vun de Bands, déi wuel de gréissten Afloss op d’Band hat, notamment Gorguts. Virun allem héiert ee bei Revocation awer, dass si eppes eenzeges an de Virdergrond stellen, nämlech de Spaß, Spaß um Songwriting, Spaß un de coolen an interessante Riffer, Spaß un der Musek. An déi Kombinatioun ass et, déi och den neiste Revocation Album nees eng Kéier eenzegaarteg a wonnerbar maachen. De Beweis dofir héiere mer elo an der éischter Single vun der Band. Hei ass Communion.

2. Metal Album vun der Woch: Deadlock - Hybris (7,5/10)

Ech hat si scho mol hei gespillt, d’lescht Woch hunn och si hiren neisten Album erausbruecht, ech schwätze vun der Metalcore Formatioun Deadlock an hirer neister Scheif Hybris.

A vun där muss ee soen, dass se beweist, dass d’Band nees zu hiren ale Stäerkten zréckfonnt huet. Wann déi lescht Wierker bësse méi schwaach gi sinn, sou ass den neistenAlbum quasi als Hommage un déi fréier Zàiten ze gesinn. Obwuel d’Band mam Margie Gerlitz eng nei Sängerin huet, oder vläicht grad dowéinst, gëtt et z.b beim Stéck Carbonman e richteg agängege Refrain an d’Instrumenter erënneren nees un al Zäite vu Wolves, deen 2007 erauskomm ass.

Déi nei Sängerin kann awer net nëmmen domat punkten, mä och mat klasseschem Gesang, deen z. B. am éischter exoteschen Track Ein Deutsches Requiem ze héieren ass., deen net exotesch am Sënn vun orientalesch kléngt, mä einfach anescht ass wéi de Rescht.

Och um Rescht vum Album weess d’Band ze iwwerzeegen, hält den Niveau a kënnt mat ganz kompromësslose Stécker dohir, wéi z. B. dem Titeltrack

Méi kompromësslos ass iwwregens och de männleche Gesang ginn. Do mierkt ee wéi vill ënnerscheed et vun Album zu Album kann ausmaache wann déi eenzeg Museker u sech schaffen. Sou ass dat Ganzt e gelongenene Album ginn an et ass ze hoffen, dass Deadlock op dëser Schinn viru fueren.

Playlist

Sublind - Humpeknupper (Thrashing Delirium, Inependant)

Sinsaenum - Splendor and Agony (Echoes Of The Tortured, earMUSIC)

Revocation - Communion (Great Is Our Sin, Metal Blade)

Mindpatrol - Depulsoris Ira (Unreleased)

Revocation - Crumbling Imperium (Great Is Our Sin, Metal Blade)

Periphery - Motormouth (III: Select Difficulty, Century Media)

Deadlock - Hybris (Hybris, Napalm Records)

Soilwork - These Absent Eyes (Death Resonance, Nuclear Blast)

Red Fang - Flies (Only Ghosts, Relapse)

Darkher - Wars (Realms, Prophecy Productions)

Avatar - When The Snow Lies Red (Feathers & Flesh, Nuclear Blast)

Episoden