arrow_back_ios
Kultur
Cute & Cruel - eng Japanerin an der Louvignysgaass
headphones
8 min
Lauschteren
play_arrow
Zanter engem Joer mécht de Galerist Renaud Bergonzo d'Diere vu senger Galerie fir bekannt a manner bekannt jonk Kënschtler op. Bis den 30. Juli sinn d'Wierker vun der japanescher Kënschtlerin Izumi Miyazaki ausgestallt. Surrealistesch Autoportraiten, déi de Bléck op d'Welt vu jonke japanesche Groussstadmënsche reflektéieren. Eng Visite mam Valerija Berdi, begleet vun Erklärunge vum Galerist.