Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Dust Bolt & Pain of Salvation

Dust Bolt & Pain of Salvation

headphones

60 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

1. Metal Album vun der Woch: Dust Bolt - Mass Confusion (6,5/10)

De 24. Septebmer fënnt an der Kultufabrik nees en neie Festival statt. Ënnert dem Numm Anger Fest spillen deen Dag nieft 4 lokale Bands och 2 international Bands an eng dovun huet haut hiren neisten Album erausbruecht. Riets geet vun den däitschen Thrash Metaller Dust Bolt.

Hire leschten Album Awake the Riot, deen 2014 erauskomm ass, huet definitiv zu ee vun deenen Neo-Thrash Albumme gehéiert, déi souguer Thrash Veteranen iwwerzeegt kréien, déi eigentlech net wëllen akzeptéieren, dass et och nach haut gutt jonk Thrash Bands gëtt. Et war eng gelonge Mëschung aus ale Kreator a Sepultura, gespillt mat punkeger roserei an der Panz a voller jugendlecher Energie.

Um neien Album Mass Confusion ginn déi jonk Däitsch allerdéngs nach e Stéck méi punkeg. Déi Hardcore Elementer gouf et zwar och virdrun, mä si waren éischter am Hannergrond an hunn dem typeschen Thrash all d’Eier gelooss. Ma lo ass de Punk vill méi an de Mëttelpunkt geréckelt a sou héiere sech déi 4 Jongen aus Bayern éischter rüpelhaft un wéi ugepisst, wann der verstitt wat ech mengen.

Zwar fänkt den Album mat engem richteg thrashege Stéck un, ma et dauert net laang bis en éischten, éischter Metalcoresche Breakdown kënnt, deen ee quasi scho kéint als Virwarnung verstoe fir dat, wat nach kënnt.

Et ass schued, déi gutt Iddie sinn nämlech do an op ville Plazen héiert een eng gewëssen Ugepisstheet an de Riffer och erëm, sou wéi sech dat fir gudden Thrash gehéiert, an d’Band kritt et och hin, hir Riffer wéi eng Mëschung aus däitschem Thrash a Bay Area Thrash kléngen ze loossen, sou z. B. och am Titeltrack,

ma mat hire Gang-Shouts maachen Dust Bolt d’Saach dann awer nees iergendwéi futti.. An am Endeffekt ass och just wéineg do, wat wierklech hänke bleift. Witzegerweis ass et eng emo Power Ballad, déi awer iergendwéi an d’Aen - oder besser gesot - an d’Ouer spréngt…

A sou ass et am Endeffekt awer oer wahrscheinlech grad dowéinst eppes relativ onthrasheges, wat ervirstécht. Am grousse ganzen ass et definitiv kee schlechten Album, mä leider och kee vun deem ech behaapte géif, e misst an all Thrash Sammlung dra sinn. Ma dir maacht am beschte selwer är Meenung a lauschtert lo mat den Titeltrack vum neien Album a kommt se och an d’Kufa kucke, wann der iech e Bild wëllt maachen.

2. Metal Album vun der Woch: Pain Of Salvation - Remedy Lane Re:visited (10/10)

Et ass wuel ee vun de ganz grousse Klassiker am progressive Metal, ma ech muss zouginn, ech hunn e komplett verpasst. Ech kennen zwar Pain of Salvation, mä ech hu se ni sou gutt kannt fir engem kënnen 10 Lidder mam Numm ze nennen. Dofir hunn ech fir dëse Review direkt zwee Albumme misse lauschteren, also souwuel déi nei Versioun vu Remedy Lane, wéi och dan eigentlechen Album, wéi e virun iwwer 10 Joer erauskomm ass.

An dësem Review erklären ech lo trotzdem net, wéi den Album sou ass, well d’Lidder si jo definitiv net nei. Ech wäert just erkläre, firwat dës nei gemixte Versioun wierklech derwäert ass, an a wat se sech vum Original ënnerscheed.

Haaptfro natierlech: War et derwäert dësen dach nach net sou alen Album nei mixen ze loossen? D’Äntwert ass e klore JO. Den Hannergrond kennen ech zwar net am Detail, mä anscheinend war et de Produzent vum Original, den Daniel Gildenlöw selwer, deen d’Iddi hat, de bekannte Jens Bogren den Album nei produzéieren ze loossen. An d’Resultat hätt net kënne besser sinn. Déi nei gemixte Versioun iwwerraagt d’Original ëm Welten, vun den éischten Noute vum Opener Of Two Beginnings bis hin zum leschte Gepëspers bei Beyond The Pale.

D’Drums klénge vill méi voll a méi grouss, d’Gittaren hu méi Crunch, d’Vocals sinn nach vill méi kloer an iwwerhaapt héiert een all nach sou klengen Detail vill besser raus, wéi am Original, soud ass d’Lauschteren engem nach vill méi gëtt, wéi beim Original.

A sou kléngt den Album, obwuel d’Material eigentlech schonn iwwer 10 Joer huet, extrem fresch an nei. D’Remixed Versioun vu Remedy Lane ass definitiv e Must fir all Pain of Salvation Fan, virun allem wann een d’Original vum Album scho gär hat.

Am beschte mierkt eend at bei deem Stéck, wat ech och scho virdru mam Numm kannt hunn an elo an enger nachvill besserer Versioun extrem gutt fannen, nämlech Rope Ends. De Punch vun der Gittar ass vill méi haart a knackeg, de funkege Bass rockt nach vill méi an déi zäitlech versaten Drums kommen nach vill besser zur Geltung.

Agenda

Life of Agony & Pyogenesis @ Garage, Saarbrécken

Playlist

Savatage - Hall Of The Mountain King

Whitechapel - Elitists Ones

Dust Bolt - Mass Confusion

Deadlock - Backstory Wound

Devin Townsend Project - Lucky Animals

Between The Buried and Me - Astral Body

Leprous - The Cloak

Fates Warning - White Flag

Pain of Salvation - Rope Ends

Pyogenesis - Lifeless

Aborted - Forged For Decrepitude


Episoden