Kultur
Si ass eng "Prostituéiert". Hien ass e "Client".
8 min
Déi franséisch Theatertroupe "La Chose Publique" invitéiert de Publikum, sech an d'Positioun vu Cliente vu Prostituéierten eranzefillen. Während dem Theaterstéck "Drive-In", dat zu Esch op engem Parking opgefouert gouf, hunn d'Schauspiller vun hirem Auto aus - grad esou wéi am Drive-In vun enger Fastfood Chaîne - déi Prostituéiert, déi si ausgewielt hunn, bestallt. D'Zil vum Stéck ass et, de Publikum an eng Reflexioun iwwert d’Roll vum Client an der Prostitutioun mat anzebannen. Dës Reflexioun gëtt och zu Lëtzebuerg vun der Politik gefouert. E Projet de Loi, deen d'Penalisatioun vum Client a bestëmmte Fäll virgesait, steet den Ament zur Debatt. D'Charlotte Bruneau erkläert.