Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Assorted Nails: nei EP

Assorted Nails: nei EP

Assorted Nails

Assorted Nails - dat ass u sech eng Death Metal Band vu Freiburg, déi awer e Lëtzebuerger Frontmann huet. Dat ass de Grond, firwat si bei wäitem net sou aktiv si wéi eng Band vun där hir Membere méi no beienee wunnen. An awer hunn Assorted Nails déi lescht Méint net näischt gemaach a bréngen elo hir neisten EP "Zoophisticated" eraus. Den David Wagner stellt déi EP méi genee vir a schwätzt och mam Sänger iwwert déi EP an der Band hir Vergaangenheet an Zukunft.

Metal Scheif vun der Woch: Assorted Nails - Zoophisticated (6,5/10)

ech weess net sou richteg wouhinner domat. .. Op der enger Säit kléngen Assorted Nails op ville Plazen op der EP richteg düster a béis an erënnere mech, wéi am Interview scho gesot, souguer bëssen un d’hollännesch Legende vu God Dethroned.

Op der anerer Säit kann e si duerch d’Titele vun de Lidder,wéi z. B. Chicken in Chainmail oder Fear of the Duck nëmme schwéier eescht huelen.. Dobäi kënnt, dass d’Musek och net ëmmer béis an düster ass, mä och heiansdo wéinst dem Bum-Tschack a Rumtata Rhythmus bëssen happy eriwwer kënnt.

Dovunner ofgesinn huet d’Band awer ëmmer nees cool Riffer parat, déi een trotz dem gelegentlechem Rumtata matrappen an een am Endeffekt awer net dolaanscht kënnt ze headbangen. An nieft béise groovege Riffer gëtt et awer och ëmmer nees gäil Harmonien. A sou ass et am grousse ganzen awer eng relativ cool Lauschter-Experienz. Schued just, dass et just eng EP ginn ass a keen Album, a sou huet déi ganz CD mat de 4 Lidder just knapp 17 Minutten.

Klenge weidere Bemol ass, dass verschidde Passagen trotz gäile Riffer heiansdo bëssen holperlesch kléngen, wou wuel dat net immens tight spillen an och eng mangelhaft Produktioun doru Schold sinn. Trotzdem ass et u sech eng cool EP an ech hoffen, dass Assorted Nails demnächst méi aktiv an och e bësse méi tight ginn. Well déi gutt Iddien an d’Potential ass do. No Chicken in Chainmail zéie mer eis dann lo och nach Fear of the Duck eran:

Playlist

Diamond Head - Lightning To The Nations (Lightning To The Nations, Happy Face Records)

Testament - More Than Meets The Eye (Dark Roots Of Thrash, Nuclear Blast)

Assorted Nails - Chicken in Chainmail (Zoophisticated, Independant)

Kitshickers - - 231,15 °C (Horror Vacuii, Independant)

Periphery - Flatline (III: Select Difficulty, Century Media)

Soulhenge - Serenety (Anachronism, Independant)

Assorted Nails - Fear of the Duck (Zoophisticated, Independant)

Oracles - Body of Ineptitude (Miserycorde, Metal Blade)

Episoden