Kultur
"Share": Retrospective vum Wim Delvoye am Mudam
De Samschdeg (2. Juli) de Moien ass um 11 Auer de Startschoss fir d’10-Joer-Mudam-Festivitéiten. Um Programm: eng fête populaire, déi sech iwwer 36 Stonnen, ouni Ënnerbriechung, bis de Sonndeg Owend zitt. D’Mudam-Equipe huet dofir haaptsächlech hir Partner aus dem Beräich Bühnekonscht engagéiert, fir hinne fir fréier Collaboratioune Merci ze soen. De radio 100,7 send de Samschdeg (2. Juli) tëscht 5 an 8 Auer owes an de Sonndeg de Moien (3. Juli) tëscht 11 an 12 live vun der Plaz. Den 1. Juli péckt d’Equipe vum Pei-Musée de Cadeau fir den Anniversaire aus: owes ass nämlech de Vernissage vum Wim Delvoye senger Retrospective. Kuerz no senger Arrivée um Kierchbierg, huet d'Kerstin Thalau mam Kënschtler geschwat.