Kultur
De Kolla Festival zu Sténgefort mat engem neie Projet
De Kolla ass een naturnoë Konscht- a Musék-Festival. Zanter dräi Joer gëtt den Event zu Sténgefort organiséiert. Dëst Joer gëtt d'Offer erweidert an eng Résidence d'Artistes op d'Bee gestallt. Op en Opruff hin, fir dorunner deel ze huelen, hu sech eng jett Kënschtlerinnen a Kënschtler gemellt. Et hätten der méi aus Lëtzebuerg kéine sinn. D'Aurélie d'Incau an d'Elisa Baiocchi si live am Studio fir iwwert de Festival ze schwätzen.