Kultur
Filmer iwwert d'Magouillen zu Washington
Mat Interessi suivéiert e groussen Deel vun der Weltbevëlkerung d'Virwalen an de Vereenegte Staaten. U sech e serieuxe Sujet - mä wéinst senge Protagoniste bitt en och allerhand Ënnerhalung. Et dierft net laang dauere bis datt déi aktuell elektoral Kläppereien als Stoff fir Filmer verschafft ginn. An dat huet zu Hollywood eng Traditioun. Dovunner kann ee sech elo am Juni an am Juli an der Cinémathéik iwwerzeege loossen, bei der Retrospektiv "Elections, Campaigning & Corruption: comment Hollywood questionne la classe politique". Detailer vum Cléo Thoma.