Kultur
Karel IV-Ausstellung am Geschichtsmusée vun der Stad
6 min
2016 ass d'Joer vum 700. Anniversaire vum Karel de 4., bömesche Kinnik a Keeser vum däitsche Räich, also vun enger vun de grousse Figure vun der mëttelalterlecher Dynastie: hie gehéiert zu den aflossräichsten europäeschen Herscher vun der Zäit, an hien staamt aus dem Geschlecht vun de Lëtzebuerger. Aus dësem Grond geet den Owend d'Ausstellung "Karel IV: de Lëtzebuerger "hiren" europäesche Grof, Kinnik a Keeser" op. Explicatiounen Kerstin Thalau.