Kultur
Nei Saison an de Rotonden
Zënter Kuerzem läit de Programm fir déi nei Saison an de Rotonde vir. Et wäert déi éischt ouni hiren emblemateschen Direkter vu bis elo, dem Roga sinn. Wat d'Equipe vun de Rotonden net empêchéiert, hire Publikum weider unzestiwwelen, sech op kulturell Entdeckungen anzeloossen. An dat funktionnéiert: 86.326 Leit hunn d'Rotonden an der Saison 2014-2015 besicht. Stellvertriedend fir déi ganz Equipe ass d'Laura Graser, zoustänneg fir d'Programmatioun vun den "arts de la scène", live am Studio beim Cléo Thoma, fir en Ausbléck op déi nächst "explorations culturelles" zu Bouneweeg ze maachen.