arrow_back_ios
Kultur
D'Kulturassisen als Basis fir e Kulturentwécklungsplang
De Kulturminister Xavier Bettel gesäit an de Kulturassisen eng Méiglechkeet, fir d’Schwieregkeeten an d’Erausfuerderunge vum Secteur ze resenséieren an dorops no Lésiungen ze sichen a Proposen auszeschaffen. E grousse Schratt an Direktioun Kulturentwécklungplang sollen d’Assisen och sinn. D'Perceptioun vun der Kultur ass fir jiddereen eng aner, an dofir ass et Missioun vum Kulturministère, eng Kulturoffer ze garantéieren an deem jiddereen seng kulturell Affinitéit erëmfënnt. De Jean-Claude Majerus erkläert.