arrow_back_ios
Kultur
Frohe Gedichte vum Urs Engeler
"Frohe Gedichte" aus dem Schwarzhandpresse Verlag, heescht de Recueil vum Schwäizer Lyriker Urs Engeler mat Gedichter, déi bescheiden dohierkommen, déi ee séier gelies huet, déi awer, esou kuerz och d’Begéinung mat hinnen ass, nach laang nokléngen. Wat et mat dëse "Frohe Gedichte" vum Urs Engeler op sech huet a wat dëse Recueil besonnesch mécht, dat verréit de Léon Rinaldetti.