arrow_back_ios
Kultur
Nei asbl PsychArt
Datt an der Psychiatrie Konscht gär mol als en Deel vun der Therapie agesat gëtt, ass net nei. Datt Konscht vu Patienten aus der Psychiatrie no bausse gedroe gëtt, schonn éischter. Eng Aufgab, déi déi nei asbl PsychArt sech op de Fändel geschriwwen huet. Dëse Freideg geet et mat enger Liesung lass. "Eine Dosis Poesie" heescht et dann um Mutferter Haff. Méi Informatioune vum Nathalie Bender.