arrow_back_ios
Blue Note
jazzahead 2016!
Vum 21.-24. Abrëll war zu Bremen d’jazzahead!, déi gréisste Foire fir Professioneller aus dem Jazzberäich, awer och e Must fir all Museker, well hei d’Méiglechkeet besteet, Kontakt mat Clibb, Festivalen oder Plackelabelen ze kréien. Bei der jazzahead! steet all Joer ee Land am Virdergrond, 2016 war dat d’Schwäiz. D’Schwäizer Museker konnte sech engem professionelle Publikum a Showcase vun hirer beschter Säit weisen. De Marco Reusch huet Impressioune vun dësem groussen Jazzevent matbruecht.