Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Whitechapel & Rage

Whitechapel & Rage

Eischte Metal Album vun der Woch: Whitechapel - Mark Of The Blade (7,5/10)

Ech war u sech nach ni e grousse Frënd vun deem Genre, dee vill Leit Deathcore nennen. Virun allem dowéinst, well Sänger eng Tendenz hunn, sou ondäitlech ze sangen, dass een näischt versteet a ganz dacks si mer d’Riffer och einfach ze repetitiv. Ech muss agestoen, vläicht hunn ech einfach nach net déi interessant Bands kennegeléiert. Ma den Opener vum neien Album, dee well op Youtube ze héiere war, huet mech dozou beweegt den Album awer ganz ze lauschteren an ze reviewen.

Am Opener vum Album The Void, dee graduell méi séier gëtt, séngt de Phil Bozeman liicht méi verständlech, wéi soss a geet mat senger Stëmm méi a Richtung Death Metal. Dat gëtt natierlech direkt Pluspunkte bei mir, well sou schonn een Haptkritikpunkt vu mir net méi existéiert. Wat mech nach iwwerrascht huet, war, dass den Titeltrack z. B. alles anescht wéi langweileg, mä virun allem extrem grooveg a catchy ass.

Interessant ass och, dass d’Gittare sech manner no Deathcore mä éischter no Metalcore unhéieren, déi an deem Moment e coole Kontrast zu der dach extrem béiser Stëmm vum Frontmann bidden.

Nieft méi angenehme Vocals an engem interessante Groove, ass sech Whitechapel awer och nach an aner Genren inspiréiere gaang fir sech e bësse vum traditionellen Deathcore ze distanzéieren. Déi wuel gréisste Iwwerraschung, déi wuel och déi meescht Whitechapel Fans schockéiere wäert, ass de Fakt, dass d’Band net de Geck gemaach hat, wéi ugekënnegt gouf, dass et um neien Album och wäert clean Vocals ginn. Ze fanne sinn déi um Titel Bring Me Home, an deem Whitechapel an de Grunge léine ginn, wann et drëms geet, haart a lues Passagen ze mëschen, an an deem et eben déi wuel lueste Vocals gëtt, déi ee jee an engem Whitechapel Song héieren huet. Bring Me Home ass awer definitiv d’Ausnam. Wien hei ze vill schockéiert ass, ka berouegt sinn, um Rescht vum Album geet et wéi gewinnt brutal a grooveg hir, mat allerdéngs och méi Melodie wéi soss.

Ech menge mat dësem Album hu Whitechapel d’Dir fir Leit opgemaach, déi virdrun ni sou richteg mam Deathcore Genre waarm gi sinn, ouni awer ze vill Kompromësser anzegoen an nach ëmmer hefteg brutal ze kléngen. Ech sinn am Endeffekt frou, dass ech et gepackt hu meng Viruerteeler géintiwwer dem Genre op d’Säit ze leeën a mer dësen Album méi genee unzelauschteren. Et war derwäert. An deem Sënn lauschtere mer eis lo och de groovegsten Track vum Album un, hei ass den Titeltrack Mark Of The Blade

Zweete Metal Album vun der Woch: Rage - The Devil Strikes Again (8,5/10)

An da si mer och beim zweete Review fir dës Woch ukomm. Virun zwou Wochen hunn déi däitsch Metaller vu Rage hire mëttlerweil 23. Album erausbruecht. The Devil Strikes Again heescht dat gutt Stéck an et ass den éischten Album zënter 1999 ouni de Viktor Smolski, dee jo mëttlerweil mat senger eegener Band Almanac ënnerwee ass. An awer ass The Devil Strikes Again dee wuel staarkste Rage Album zënter Ufank den 90er, wéi sou brilliant Wierker wéi A Weird World, Trapped oder Missing Link erauskomm waren. Och wann den neien Album vill méi modern kléngt, sou héiert een dach d’Inspiratioun un den eegene méi fréie Wierker eraus, notamment wann et ëm de Geescht an d’Energie vun der Band geet.

Sou sinn déi meescht Stécker op The Devil Strikes Again haart, straight-forward an awer zimlech melodesch. Paradebeisipll heivir ass direkt den Opener an Titeltrack, deen ech iech well an der Sendung virgestallt hat. Dëse fänkt haart a mat Vollgas u wéi en Donner an engem Stuerm. Verantwortlech fir dëse gäile Riffage ass, wéi gesot, net méi de Viktor Smolski, mä de Marcos Rodriguez, deen op all Track erstaunlech gutt kléngt, währenddeems den eenzege Grënnungsmemer vun der Band, de Sänger Peter “Peavy” Wagner méi natierlech kléngt, wéi jee virdrun an och melodesch ganz gutt bei déi nei Riffer passt.

Richteg richteg gutt, also nach besser, wéi am Ufank, gëtt den Album awer am Fong réischt an der Mëtt, z. B. mam Track Ocean Full Of Tears, deen an deem Sënn ervirstécht, an deems en einfach sou gutt geschriwwen ass, dass alles perfekt openeen ofgestëmmt ass, Instrumenter, wéi Gesang. Dësen Titel weist am Fong alles, wat d’Band kann. E showcase Lidd quasi. Ganz ähnlech ass et mam Lidd, wat direkt duerno kënnt, nämlech Deaf, Dumb and Blind, ma dat huet nach bësse méi Live-Potential.

No all deene Line Up Wiesselen, deen d’Band matgemaach huet, schéngt mer dëse wéi gesot, zënter laangem dee beschten ze sinn.. Hoffe mer, dass en esou och nach eng Zäitche bestoe bleift..

Agenda

The Loudest Night @ Napoleonskaart, Kéitscht

A Haunting Over Europe @ No Man's Land, Volmerange-les-mines

Death Shall Rise @ Exhaus, Tréier

X-Ryder, Feradur & Assorted Nails @ No Man's Land, Volmerange-les-mines

Playlist

Amon Amarth - The Pursuit Of Vikings (Fate Of Norns, Metal Blade)

Earth Ship - Red Leaves (Hollowed, Napalm Records)

Whitechapel - Mark Of The Blade (Mark Of The Blade, Metal Blade)

Gruesome - Raped By Darkness (Dimensions Of Horror, Relapse)

Be’lakor - Roots To Sever (Vessels, Napalm Records)

Dawn Of Disease - The Sky Is Empty (Worship The Grave, Napalm Records)

Rage - Ocean Full Of Tears (The Devil Strikes Again, Nuclear Blast)

Candlemass - Sinister N Sweet (Death Thy Lover, Napalm Records)

Dark Funeral - Unchain My Soul (Where Shadows Forever Reign, Century Media)

Gojira - The Shooting Star (Magma, Roadrunner)

Episoden