Kultur
500 Joer Postwee
1516 hunn den zoukënftege Keeser Karl V. an d'Famill von Thurn und Taxis e Kontrakt mateneen ënnerschriwwen, deen déi deemooleg Kommunikatioun revolutionnéiert huet. Postreider hunn an engem System vu Relaise Messagë vun Italien bis an Holland transportéiert, an dat fir déi Zäit onheemlech séier. D'Route ass deemools och duerch d'Éisléck gaangen. Fir un dës Faiten z'erënneren, organiséieren d'Gemeng Wëntger mat Partner-Gemengen an Däitschland an an der Belsch, d'Naturparken Our an Südeifel, Philatelisten Associatiounen dës an déi Säit der Grenz, an eng Rei aner Associatiounen den 18. Juni den historesche Postwee-Dag. Och d'Gloria von Thurn und Taxis ass invitéiert, a wäert dem Evenement bäiwunnen. Detailer vum Cléo Thoma.