Kultur
"The Agony of Ingeborg Bachmann" am TNL
"The Agony of Ingeborg Bachmann" - e Stéck iwwert d'100,7-Schrëftstellerin vum Mount Juni, geschriwwe vum Pierre Joris, leeft vun Dënschdeg un (14.6) am TNL. A Form vun enger zeenescher Liesung beschreift "The Agony of Ingeborg Bachmann" déi lescht Momenter an der Schrëftstellerin hirem Liewen. 1973 hat hir Wunneng Feier gefaangen a si ass kuerz drop an der Klinik un de Suitë gestuerwen. "The Agony of Ingeborg Bachmann" gëtt de 14., 17. an 21. Juni am TNL opgefouert. Et spillen d’Sascha Ley, de Nickel Bösenberg, de Fred Frenay an de Raoul Schlechter. Inszenéiert gëtt d’Stéck vum Andreas Wagner. D'Charlotte Wirth huet sech en Androck gemaach.