Kultur
Great Restorations: Pain et Chocolat
Dem Franco Brusati seng béisaarteg an tragesch Komedie "Pane e Cioccolata" (Pain et Chocolat) iwwert een italieneschen Immigrant, dee versicht, an der Schwäiz säi Liewen ze maachen, koum 1974 an d'Kinoen. Dem Nino Manfredi seng sëlleg, an ëmmer méi verzweiwelt Aktiounen, fir sech "unzepassen", hunn een deemools iwwert déi gelungen a blaséiert Schwäizer laache gedoen. Stellt sech eraus, datt een deenen hir Verhalensweisen haut iwwerall an Europa untrëfft. Wat dem Film eng grouss Aktualitéit gëtt. D'Cléo Thoma erkläert.