New Cotton Club
Ella Fitzgerald - 20. Doudesdag
D’Ella Fitzgerald war an den Jazzvocals vun hirer Zäit net z’iwwertreffen. Hir stëmmlech Fäegkeete waren exzeptionell, wéi beispillsweis am “You’d be all that i could desire” oder am “To come home and to love”. Hir Facilitéit am Scat ass eng weider Eegenschaft, déi hir melodesch Approche zum Sangen beweist. Selwer seet si, datt si einfach de Blech lauschtert an dat no mécht. D'First Lady of Song, ass de 15. Juni 1990 gestuerwen, also virun 20 Joer. Presentatioun Manuel Ribeiro.