Radioen

On air

Détente sous l'olivier  |  Jules Verne II

play_arrow Live
arrow_back_ios

Metal Meltdown

100komma7.lu / Metal Meltdown

/ Andy Rehfeldt & Candlemass

Andy Rehfeldt & Candlemass

Andy Rehfeldt

Den amerikanesche Youtuber Andy Rehfeldt huet viru knapp 6 Joer e puer Millioune Klicks fir eng Cover Versioun vu Slipknot hirem "Wait and Bleed" kritt. Den Trick: Hien huet aus dem brutale Lidd eng sougenannte Radio Disney Versioun gemaach. D'Aggressivitéit huet hien aus der Musek geholl andeems hie clean gesongen huet an och d'Lidd mat cleane Gittaren an an enger anerer, méi frëndlecher Gamme gespillt huet. An der Tëscht huet den Andy Rehfeldt eng ganz Parti där Videoen op Youtube an huet dofir och well mat engem Lëtzebuerger Sänger zesummegeschafft. Den Andy Rehfeldt ass dem David Wagner säin Invité.

CD vun der Woch: Candlemass - Death Thy Lover EP (8/10)



Nodeems déi schwedesch Doom Legende Candlemass dëst Joer well eng Plack am Kader vum Record Store Day, eng Sammlung vu raren an onverëffentlechte Stécker an eng DVD vun hirer Show am Dynamo am Joer 1988 an e Buch erausbruecht hunn, ass haut och eng nei EP erauskomm.

Death Thy Lover, sou heescht dat gutt Stéck, ass am Fong e weideren Deel vun deem Ganzen, wat d’Band dëst Joer gemaach huet, fir den 30. Jubiläum vun hirem Debutalbum Epicus Doomicus Metallicus ze feieren.

An d’EP mat 4 Tracks fillt sech bëssen un, wéi soll et och anescht sinn, wéi en Hommage u Black Sabbath, a Form vun 3 Stécker mat nawell theatralesche Vocals an engem ultra schwéieren instrumentale Lidd. An anere Wieder, et ass quasi alles sou wéi ëmmer, och wann net méi all d’original Membere vun der Band hautesdaags dobäi sinn: richteg doomeg an awer melodesch.

Heiansdo och bësse pupeg, virun allem wann et ëm d’Texter geet, déi bësse vill Klischeeën erfëllen (“Did you know you’re the devil’s own child?”); an Deels souguer poppeg.

Dobäi gëtt et awer och genuch Momenter, wou Candlemass nees richteg däischter an epesch ginn.

Alles an allem kann ee soen, datt Death Thy Lover am Fong ganz gutt an all Candlemass Sammlung passt. E weidert monumentaalt, awer leider bësse kuerzt Wierk vun de Schweden. Vläicht ass et jo awer och just e Virgeschmaach op en nächsten Album? Mol kucken.

Agenda

Puscifer @ Rockhal, Esch Belval

Megadeth @ Rockhal, Esch Belval

Hatebreed @ Atelier, Stad

Playlist

Cannibal Corpse - Stripped, Raped and Strangled (The Bleeding, Metal Blade)

Highfighter - Darkest Days (Scars & Crosses, Svart Records)

Dark Funeral - Unchain my Soul (Where Shadows Forever Reign, Century Media)

Metallica - Enter Sandman (smooth jazz version)

Switchblade - P.O.G. ([2016], Denovali)

Exodus - Blood in Blood out (Blood In, Blood Out, Nuclear Blast)

Prong - Without Words (X - No Absolutes, Steamhammer)

Candlemass - Death Thy Lover (Death Thy Lover, Napalm Records)

Megadeth - Dystopia (Dystopia, Tradecraft)

Episoden