Kultur
Jürgen Prochnow: Den Hollywood-Béisen
De Jürgen Prochnow huet als U-Boot-Kapitän am Realisateur Wolfgang Petersen sengem Krichsdrama "Das Boot" Filmgeschicht geschriwwen. Dës Roll huet dem däitschen Acteur deemools vill Dieren opgemaach, a virun allem och déi an Direktioun Hollywood. Wa se zu Hollywood eng Roll mat engem teutonesche Béise wollte besetzen, dann huet de Jürgen Prochnow ëmmer zum éischte Choix gehéiert. De Jürgen Prochnow kritt haut 75 Joer. E Portrait vum Jean-Claude Majerus.