Kultur
"Pole Dance", e Konschtsport
"Pole Dance", da kommen engem Biller an de Kapp vu Cabareten oder soss Etablissementer, wou knapp ugedoe Fraen oder och Männer ënnert de gierege Blécker vun de Spectateuren un enger Staang op an of rutschen. Mä neen, “Pole Dance” ass e Konschtsport oder en “Art du Spectacle”, dee seng Originnen am Zirkus huet. Et ass Konschtsport, an deem vill Genrë matenee verschmëlzen, am Fong komplementär zouenee sinn. Sportlech fënnt ee Gymnastik, Akrobatik, Kraaft an esou weider erëm. Artistesch da Musek, Ästhetik, Danz, Choreographie: "Pole Dance" ass eng komplett Form vun enger kierperlecher Aktivitéit. De Jean-Claude Majerus erkläert.