Kultur
50 Joer Uropféierung "Publikumsbeschimpfung"
Den 8. Juni 1966, viru 50 Joer, gouf dem éisträicheschen Auteur Peter Handke säi sougenanntent "Sprechstück" an engem Akt "Publikumsbeschimpfung" an enger Mise en scène vum Claus Peymann am Theater am Turm zu Frankfurt uropgefouert. Et war een Owend, dee gläichzäiteg e Skandal an eng Réussite war. “Publikumsbeschimpfung”, dem Handke säin Début, huet zanter deem Owend zu Frankfurt Succès am ganzen däitschsproochege Raum. Aus dem Handke gouf ee vun de bedeitendste Vertrieder vun der sprooch-experimenteller Literatur. Et ass e Wierk, mat deem de Peter Handke déi gängeg Theaterformen an Themen an de 60er Jore refuséiert huet. Et war och de krasse Konträr zum Brecht sengem Theater mat dokumentaresch-didakteschen Usätz. De Peter Handke wollt eng Diskussioun ronderëm den Theater lancéieren, besonnesch doriwwer, wat tëscht Schauspiller a Publikum während enger Virstellung geschitt. De Sproochrhythmus vum Peter Handke senger Publikumbeschimpfung, aus zum Deel ganz kuerze Sätz, gouf déi Zäit ganz kloer duerch déi sougenannte Beat-Musek beaflosst, déi deemools um Komme war. Detailer vum Jean-Claude Majerus.