Kultur
Afrikanesch Museksinstrumenter am LTB
Et gëtt geseet a gehummert, mat Trommelen an afrikanesche Rëselen am Hannergrond. All dës Geräischer gehéieren zu engem vun den Atelier des cultures, wei en de Moment ënnert anerem am Lycée Technique de Bonnevoie fonctionnéiert. Organiséiert ginn d’Atelieren zënter 2004 vun der Action Solidarité Tiers Monde zesumme mat afrikanesche Kënschtler. D'France Ewen war sech en Androck vum engem Atelier an den LTB maachen an huet sech ugekuckt, wéi eng Instrumenter vun de Schüler gebaut ginn.