Kultur
Ausstellung "Mon corps, mes droits" am Carré Rotondes
Am Kader vun der Campagne "Mon Corps, mes Droits", wëllt Amnesty International dorops opmierksam maachen, datt weltwäit nach ëmmer sexuell a reproduktiv Rechter vu Mënschen verletzt ginn. Zu Lëtzebuerg ass lo eng Ausstellung an de Carré Rotondes, déi sech genee mat där Problematik befaasst. Op den Zeechnungen, Fotoe mä och bei de Skulpturen an Installatiounen stoungen awer net, wéi een opgrond vum Titel vun der Ausstellung menge kéint, ëmmer just de Kierper a virun allem d'Problemer am Virdergrond. Ganzer 60 verschidde Wierker vu 40 Kënschtler representéieren d‘Hellewull u Perspektiven, Metapheren a Symboler, déi d’Thema bitt. D'Anne Schaaf mat Detailer.