Kultur
Staark Schrëftstellerinnen - Anise Koltz
Editions Gallimard huet dëst Joer eng Anthologie vu Gedichter vun der Anise Koltz ënner dem Titel "Somnambule du jour" publizéiert. Um Päischtweekend ass d'Lyrikerin mam Prix Ganzo zu Saint-Malo um Literaturfestival "étonnants voyageurs" ausgezeechent ginn. Hir Kandheet, de fréie Verloscht vun hirem Mann an d'Gedanken iwwert d'Welt, den Doud an d'Schreiwe sinn ëmmer erëm Themen an hirer preziser an expressiver Lyrik. E Portrait vum Valerija Berdi.