Kultur
Afrikanesch Instrumenter am LTB
Doum-Doum a Maracas. Dës éischter onbekannten exotesch Begrëffer sti fir zwee afrikanesch Instrumenter. Am Lycée Technique zu Bouneweg hu 25 Schüler zesumme mat afrikanesche Museker genee dës Instrumenter gebastelt. Organiséiert ginn d’Ateliers des Cultures zënter 2004 vun der Action Solidarité Tiers Monde. D’France Ewen war bis an en Holz-Atelier kucken a krut en Abléck, wei esou Instrumenter gemaach ginn an natierlech och wéi se kléngen.