Blue Note
Fréijoersbotz
De Pit Dahm an de Pol Belardi hun hir CD-Kollektioun gestëpst. Bei dëser Fréijoersbotz gouf esou munch Bijouxen erëm fonnt, déi sech am Laf vum Joer ugesammelt haten. Sief et ënnert dem Autossëtz, an der Basshousse oder ënnert engem Koup Batteriesgeschier, iergendwou fënnt een ëmmer nees en Album erëm, deen een on Tour zougestach krut.
Déi Zwee presentéieren eng Selektioun vu frëschem, aktuellen Jazz aus der ganzer Welt, deen op dës Aart a Weis erëm entdeckt gouf.