Kultur
Europäesch Uergelnuecht
Den 11. Juni 2016 organiséiert den Diddelenger Uergelfestival fir d’éischt eng Uergelnuecht am Kader vun der Europäescher Uergelnuecht. Eng Geleeënheet fir d’Organisateuren, den 100. Doudesdag vum Komponist Max Reger ze feieren, deen am Uergelrepertoire vill hannerlooss huet. Mä och aner Komponiste stinn um Programm. De Manuel Ribeiro huet sech mam Pierre Nimax Jr. a mam President vum Uergelfestival, dem Jean Olinger iwwert dësen Event ënnerhalen. Iwwregens sinn de radio 100,7 an den Saarlännesche Rundfunk Partner vum Concert.