arrow_back_ios
Kultur
De Schëmmelreider vun Useldeng
E geheimnisvolle Reider op engem Schëmmel, deem seng Hufofdréck verkéiert Spueren hannerloossen, Tempelritter an eng Band vu Brigange sinn d'Protagonisten, déi sech ëm de mysteriéise Schatz op der Buerg vun Useldeng beméien. E geplangten Ugrëff op d'Buerg, eng clever Verdeedegungsstrategie an eng iwwerraschend Entdeckung bei der Sich nom legendäre Schatz, suerge vir Spannung. D'Valerija Berdi verréit méi.