arrow_back_ios
Kultur
Expositioun Niddeschgaass
Wéi hunn déi sougenannten "Trente Glorieuses", d'Industrialiséierung an d'Migratioun, d'Geschäftsliewen zu Diddeleng beaflosst? Dës Fro huet sech d'Gemeng gestallt an e Projet an Optrag ginn, deen dem Alldagsliewe soll op de Gronn goen. Mat Hëllef vu Fotoen an Interviewe mat Zäitzeien an deemolege Geschäftsleit, huet d'Historikerin Laura Caregari d'Geschicht vu ronn eelef Geschäfter aus der "Niddeschgaass" konnte retracéieren. D'Julie Riva war kucken.