Kultur
D'Expo "mémoire vive" am CDMH
Am Kader vun der 2. Biennale fir Industriekonscht hu sech d’Kënschtler vum "D Kollektiv" um Site vum Diddelénger Walzwierk installéiert. Bis den 2. Juli verwandele si de fréiere Lokomotivatelier an en oppene Labo fir Experimentatioun a Recherche: si proposéiere Konschtperformancen, Konferenzen, Konschtatelieren zum Thema Stol an Eisen. Een Atelier ass ofgeschloss; d’Resultater ginn am Centre de Documentation sur les Migrations Humaines ausgestallt. D’Kerstin Thalau war kucken.